Mir siche fir eise neien Centre de jour socio-thérapeutique (Stad): Therapeutesche Beroder (M/W/NB) am CDI mat 30 Stonnen/Woch
Am Centre de jour socio-thérapeutique begleet eis multidisziplinär Equipe 6 Kanner am Prinzip am Alter vu 6 bis 12 Joer. Fir all Kand gëtt et een individuelle Plang, deen am Laf vu senger Entwécklung ëmmer erëm ugepasst gëtt. Mir gesinn d’Verhale vum Kand als seng Beméiung seng Struktur ze erhalen an als déi, zu dem Zäitpunkt, beschtméiglech Léisung. Mir baue Bezéiung ob an ënnerstëtzen d’Kand, dass hat och a, fir hat, iwwerfuerderneden Momenter ob seng Ressourcen zréckgräife kann. Mir schafe Bewosstsinn fir eis eege Prozesser an Empfanne mat der Fro: Wat mëscht dat Verhale vum Kand mat mir ? Sou gi mir an eng perséinlech Entwécklung, fir dem Kand een ëmmer bessert Géintiwwer ze sinn.
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)